Heefeg gestallte Froen (FAQ)

Wat ass smartwielen? Wéi funktionéiert smartwielen?

Smartwielen ass een Tool mat Theesen an Äntwerten, den entwéckelt gouf fir d'Proximitéit tëschent Benotzer*innen a Kandidat*innen oder Parteie bei de Europawahlen 2019 ze Lëtzebuerg ze rechnen. En erlaabt de Benotzer*innen iwwert hir eege politesch Usiichten nozedenken a méi iwwert d'Usiichten a Programmer vun de Parteien a Kandidat*innen gewuer ze ginn; donieft erlaabt et de Benotzer*innen, erauszefannen wéi eng Kandidat*innen a Parteien am meeschten hire politeschen Usiichten entspriechen. Et ginn 33 Theesen zu engem breede Spektrum vu politeschen Themen, déi d'Kandidat*innen/Parteien an d'Benotzer*innen beäntweren. D'Resultater weisen d'Ennerscheeder an d'Gemeinsamkeeten tëschent den Usiichte vun de politesche Parteien an/oder de Kandidat*innen an dene vun de Benotzer*innen. D'Resultater limitéieren sech just op dës 33 Theesen. Wichteg: et ass net d'Zil vu smartwielen seng Benotzer*innen z'encouragéieren op eng bestëmmte Manéier ze wielen; et geet dorëms si z'invitéieren sech z'informéieren. Kuckt Iech de Video un.

Wéi sinn d'Theesen entwéckelt ginn?

D'Theesen ginn ausgewielt no de folgende Kritären:

  • Si sinn zu Theme vun der politescher Campagne zu Lëtzebuerg;
  • Si kommen aus Parteiprogrammer an / oder aus Consultatioune mat Journalisten, Zivilgesellschaft an Interessegruppen;
  • Si bevirdeelegen net eng oder méi politesch Parteien;
  • Si erlaben net méi Interpretatiounen;
  • Si hunn ee generellen oder spezifesche Charakter (eng Mëschung vu béid Zorte gëtt gesicht);
  • Si hunn nëmmen een Thema;
  • Si ginn op Basis vun der Achs vum Smartspider ausgewielt. Méi Informatioune fannt Dir an derMethodologie.

Wéi ginn d'Positioune vun de Kandidat*inne an de Parteie bestëmmt?

E puer Woche virun de Wahle beäntweren d'Kandidat*innen a Parteien de smartwielen-Questionnaire mat 33 Theesen aus enger breeder Palette vun aktuelle politesche Froen. Esou erstelle si hire politesche Profil op smartwielen.lu.

Wéi ginn d'Resultater berechent?

Op der smartwielen-Websäite beäntwerten d'Benotzer*innen de Questionnaire, den d'Kandidat*innen an d'Parteie scho beäntwert hunn. Smartwielen vergläicht hir Äntwerte mat deene vun de Kandidat*innen oder Parteien duerch d'Rechne vun der euklidescher Distanz (déi linear Distanz tëscht zwee Punkten an engem multidimensionale Raum). Als Resultat presentéiert smartwielen eng spezifesch Rankinglëscht vun allen Kandidat*innen oder Parteien, déi deelgeholl hunn. D'Kandidat*innen oder Parteie mat dem beschte Matching sti ganz uewen op der Lëscht. Je méi Theesen de /d'Benotzer*in beäntwert, desto méi präzis sinn seng / hir Resultater. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi soll ech de Matching interpretéieren?

D'Resultater baséieren op engem geometresche Matching. Dofir kann de Wäert net direkt proportional gesi ginn zu der Zuel vun den Theesen, bei deenen d'Notzer mat den Äntwerte vun engem/enger Kandidat*in iwwereneestëmmen. D.h. e Match vu 70% bedeit net, datt e Kandidat*in genee déi selwecht Äntwert wéi de Benotzer*in fir genee 70% vun den Theesen ginn huet. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi wierkt d'Gewiichtung sech op meng Resultater aus?

D'Benotzer*innen hunn d'Méiglechkeet, hir Äntwerten zu gewiichten. D'Gewiichtung gëtt bei der Berechnung vun hire Resultater berécksiichtegt. Et erméiglecht de Notzer*innen ze spezifizéieren, wéi eng Themen hinne wichteg oder manner wichteg sinn. Wann eng Thees mat engem Pluszeechen (+ = 2) gewiicht gëtt, zielt d'Äntwert zweemol bei der Berechnung vum Matching. Wann d'Thees mat engem Minuszeechen (- = 0,5) gewiicht gëtt, zielt d'Äntwert hallef bei der Berechnung vum Matching. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi laang gi meng Resultater gespäichert? Wéi kann ech mi spéit erëm drop zréckgräifen?

D'Äntwerten, déi en/eng Notzer*in gëtt, ginn um Sessiounsspäicher vum Computer gespäichert. Subal den/d'Notzer*in d'Fënster vum Browser zou - oder de Computer ausmécht, ass d'Sessioun fäerdeg an all d'Äntwerte gi geläscht. Sou ass sécher gestallt, datt keng aner Notzer*innen op Är Date kënnen zougräiffen. Wann Dir Är Resultater wëllt späicheren, da kënnt Dir Iech se per Email op der Resultatersäit schécke loossen. Méi Informatiounen fannt Dir an der Methodologie.

Wéi kann ech de smartspider interpretéieren? Wéi ass de smartspider berechent?

De smartspider ass eng grafesch Duerstellung vun de politesche Profiller vun de Kandidat*innen/Parteien an dem Benotzer*innen, déi op hiren Äntwerte vum Questionnaire berout. All eenzel vun de sechs Achse representéiert e formuléiert Zil an engem politesche Beräich (z.B. Ëmweltschutz), dat op 2-4 Deklaratioune vum Questionnaire berout. Verschidden Deklaratioune goufe méi Achsen zougeuerdent, aner Deklaratioune goufe kenger Achs zougeuerdent. Fir all Achs kann e Wäert tëschent 100 an 0 Punkten erreecht ginn. E Wäert vun 100, um baussechte Rand vum Spannennetz, representéiert eng staark Zoustëmmung vum formuléierten Zil vun der entspriechender Achs. E Wäert vun 0, an der Mëtt vum Spannennetz, bedeit, datt et keng Zoustëmmung vum formuléierten Zil gëtt. Wat sech d’politesch Profiller vun engem/enger Kandidat*in/enger Partei an dem/der Benotzer*in méi gläichen, wat hir smartpiders sech méi iwwerschneiden. Fir méi Informatiounen iwwer de smartspider a wéi eng Deklaratioune wéi engen Achsen zougeuerdent sinn, klickt op Methodologie.

Wéi kann ech de smartmap interpretéieren? Wéi ass de smartMap berechent?

D’smartmap ass eng grafesch Duerstellung vun de politesche Profiller vun de Kandidat*innen/Parteien an dem Benotzer*innen, déi op hiren Äntwerte vum Questionnaire berout. All eenzel vun den zwou Achse representéiert ongeféier 20 Deklaratioune vum Questionnaire. Verschidden Deklaratioune goufen den zwou Achsen zougeuerdent, aner Deklaratioune goufe kenger Achs zougeuerdent. Wat sech d’politesch Profiller vun engem/enger Kandidat*in/enger Partei an dem/der Benotzer*in méi gläichen, wat d’Punkten, déi hir Positiounen op der smartmap representéieren, méi no beienee sinn. D’horizontal Achs representéiert déi klassesch wirtschaftlech lénks-riets Dimensioun, déi op d’Roll vun der staatlecher Interventioun an der Wirtschaft fokusséiert. D’vertikal Achs representéiert d’Dimensioun vun der europäescher Integratioun, déi op dem Niveau vun der wirtschaftlecher a politescher Harmoniséierung vun der Europäescher Unioun fokusséiert. Fir méi Informatiounen iwwer d’smartmap a wéi eng Deklaratioune wéi engen Achsen zougeuerdent sinn, klickt op Methodologie.

Firwat sinn e puer Kandidat*innen a Parteien net op der Plattform? Firwat hunn e puer Parteien a Kandidat*innen keng Äntwerten?

Virum Start vum Tool hu mir all Parteien a Kandidat*inne kontaktéiert (via d'Parteien) a si gefrot, ob se interesséiert wäeren deelzehuelen. All Parteien a Kandidat*innen, déi averstane waren, erschéngen op der Websäit. Net all d'Parteien a Kandidat*innen hunn de Questionnaire ausgefëllt a confirméiert.

Wat geschitt mat mengen Äntwerten an der Ëmfro?

D'Äntwerte vun der Benotzer*innen-Ëmfro sinn anonym a hu keen Afloss op d'Resultater. Si gi vun der Universitéit Lëtzebuerg fir d'Recherche benotzt. Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis w.e.g. iwwert info@smartwielen.lu

Ass smartwielen mat enger politesch Partei, Kandidat*innen, asw. associéiert?

Neen, all d'Organisatiounen déi an der Entwécklung an dem Ëmsetze vu smartwielen involvéiert sinn (z. B. Uni Lëtzebuerg, Zentrum fir politesch Bildung, LISER a smartvote / Politools) sinn iwwerparteilech an Non-Profit-Organisatiounen.

Wat ass VoteMatch Europe?

VoteMatch Europe huet e Questionnaire mat 16 Froe fir all d’Partner vum Projet entwéckelt. Si representéieren déi éischt 16 Deklaratioune vum Questionnaire smartwielen. Beim Consultéiere vun Äre Resultater op smartwielen hutt Dir d’Méiglechkeet op VoteMatch Europe ze wiesselen. Är Äntwerten op déi éischt 16 Froe ginn da weidergeleet an Dir kënnt Är Resultater am Verglach mat deene vun de verschidde politesche Parteien an Europa consultéieren. Wann Dir matmaache wëllt an op de Knäppche VoteMatch Europe dréckt, ginn Är Donnéeë weidergeleet. Wann Dir net op de Knäppchen dréckt, gëtt keng Donnée weidergeleet. Wann Dir Froen iwwer dëse Projet hutt, kontaktéiert eis roueg opinfo@smartwielen.luoder kuckt opwww.votematch.eu.

Wéi funktionéiert VoteMatch Europe ?

De Reseau VoteMatch Europe ass e Reseau vu Voting Adivce Applikatiounen (VAA). D’Membere vum Reseau sinn all neutral an onparteiesch Organisatiounen/Entitéiten, déi Erfahrung an der Entwécklung oder an der Recherche vun esou Applikatiounen hunn. D’Zil vu VoteMatch Europe ass, eng europawäit Voting Advice Applikatioun fir d’Europawalen 2019 ze proposéieren. D’Bierger*innen sollen iwwer d’Wale vum Europaparlament informéiert an d’Transparenz vun de politesche Positioune vun de verschidde politesche Parteien soll verstäerkt ginn.